Organisatioun a Koordinatioun vun engem Internatsgrupp mat 20 Kanner
Pädagogesch Aarbecht mat Kanner tëschent 6 an 12 Joër
Leedung vum Team vum Internatsgrupp an enker Zesummenaarbecht mat der Chargée de Direction an deenen aanere Responsable vum Internat
Zesummenaarbecht mat der Equipe psycho-pédagogique
Koordinatioun vun der Elterenaarbecht
Zesummenaarbecht mat externe Professionellen
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Eng Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+1 am sozio-edukative Beräich (Educateur diplômé, Educateur gradué, Educateur spécialisé, Sozialpädagog, etc.)
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Gutt pädagogesch Kenntnisser am Beräich vu Kanner mat sozio-emotionalem Förderbedarf a vu Kanner mat Léierschwieregkeeten
Kontakter mat Eltere kënne géréieren
Eng Beruffserfahrung vun 3 Joer ass vu Virdeel
Gutt Kenntnësser an der Leedung vun engem Grupp (Personalféierung, Ëmsetze vum pädagogesche Konzept)
No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F)
Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
Motivation:
Den Éiergäiz hu sech wëlle weider z’entwéckelen
Freed drun hunn an engem Beräich deen sech stänneg weiderentwéckelt, z’engagéieren an hëllefen dësen Challenge mat unzegoen
Oppe si fir an enger multidisziplinärer Équipe ze schaffen
Responsabilitéit an der Leedung z’iwwerhuelen
Innovativ a kreativ sinn
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Droit d’exercer
Casier judiciaire no 4 a 5
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)