Ee Coordinateur Sécurité Infrastructure – Travailleur Désigné (m/w/d)
17 juillet 2025
Administratives Personal40 St/WCDI
ANSI-2502-TD-H5
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Rattachéiert un Generaldirectioun, an zoustänneg fir Elisabeth Enfance a Jeunesse, siche mir fir eist Departement Qualitéit a Sécherheet ee Coordinateur Sécurité Infrastructure – Travailleur Désigné (M/W/D)
Dir participéiert un der Entwécklung vun der Sécherheet an der Gestioun vun de Risiken an de verschiddenen Haiser
Dir këmmert iech em de Suivi vun den Immobilien an em de Suivi vu Bauchantieren
Dir setzt Prozeduren ënnert Berücksichtegung vun de lëtzebuerger Gesetzgebungen ëm
Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Sécherheets/Immobilien-Comité an den Direktiounen a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en, an hir Berodung
Entwéckelen, Duerchfeieren an Ofschléisse vu Preventiounsmesuren a spezifesche Projeten
Koordinatioun an Organisatioun vu Formatiounen iwwert Sécherheet vun de Mataarbechter
Moderatioun vu Reuniounen zum Thema Sécherheet
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Ingenieur civil oder industriel (am Beräich Genie civil/Constructioun)
5 Joer Erfarung am Bausektor zu Lëtzebuerg
Zertifizeierten « Travailleur désigné – Groupe C4 »
Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch fléissend a Wuert a Schrëft
Sécher am Emgang mat MS-Office
Eng pädagogesch Approche mat Erfarung a Gruppenanimatiounen souwei gudde Verhandlungsfäegkeeten
Staark kommunikativ an analytesch Kompetenzen
Strukturéiert, organiséiert a fäeg Prioritéiten ze setzen
Autosführerschäin ass obligatoresch
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Schaffen an engem dynameschen Ëmfeld
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kolletivvertrag
Méiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4 a 5
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)