Geff Deel vum « Natur on Tour » – Team (m/w/d) 25-35 St/W CDI
Geff Deel vum « Natur on Tour » – Team (m/w/d)
17 juillet 2025
Erziehungspersonal25-35 St/WCDI
ANNE-2504-AGT-EDU-H5
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Natur on Tour ass ee mobile naturpädagogesche Projet, deem seng Haaptmissioun ass, de Kanner an dem Fachpersonal vun Elisabeth Enfance – SEA d’Natur op enger spillerescher Aart a Weis ze vermëttelen
Zu äre Missiounen geheiert ënnert anerem:
Sensibiliséierungs-Aktivitéiten zur Natur an Ëmwelt animéieren
Pedagogesch a spilleresch Materialien entwéckelen, ugepasst un d’Kanner aus eisen SEA Strukturen
Mathëllefen bei der Organisatioun an der Logistik vun eisen Outdoor Aktivitéiten
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom : z. Bsp an der Natur – oder Emweltbildung, Géographie, Biologie oder Pedagogik, respektiv eng ofgeschlosse Leier an engem Handwierk als Gäertner, Schräiner, …
Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung
Computerkenntnisser (MS-Office)
De Führerschäin Klass B
Naturpädagogescht Wëssen hunn an sech och an deem Beräich weider forméiere wëllen
Gären mat Kanner am Alter vun 2-12 Joer bei all Wieder dobaussen ënnerwee sinn
Innovativ a kreativ sinn
Verantwortungsbewosstsinn
Gutt kommunikativ Fäegkeeten
Teamfäegkeet sou wéi och Selbststännegkeet
Flexibel sinn
Bewosstsinn fir Uerdnung, Struktur an Organisatioun
Éischt Hëllefscours (net méi al wéi 5 Joer)
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
Ee mobilen Service
Geleeënheet d’Iddien an engem klenge Team mat an ze bréngen
Ofwiesslungsräiche Alldag
Méiglechkeet sech an der Naturpädagogik weider ze bilden
Begleedung an Ënnerstetzung
Geleeënheet d’Fachpersonal vum SEA ze begleeden an ze forméieren
Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
25-35 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)