COOP-ISJB-2506-COLL-H4
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
• Dir hutt d’Leedung vun enger Equipe mat em déi 20 Persounen
• Dir schafft d’Aarbechtspläng aus an organiséiert d’Aarbecht am Alldag
• Dir schafft zesumme mat der Direktioun un der Weiderentwécklung vum Atelier
• Dir schafft zesumme mat eise Mataarbecher:inne mat enger Beanträchtegung a begleet si bei allen Aufgaben am Alldag, souwuel am Geméisubau wéi och beim Entretien vun den Alentouren
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Evergreen zu Betzder e Chef d‘atelier.
Disponibilitéit: ab direkt
Carrière: C3 am CCT-SAS
Äre Profil:
• DAP als Geméisgäertner oder Gäertner
• Dir hutt mindestens 5 Joer Beruffserfarung am Geméisubau oder als Gäertner
• Dir hutt mindestens 2 Joer Leedungserfarung
• Dir schafft organiséiert a strukturéiert
• Dir sidd engagéiert, zouverlässeg a flexibel
• Dir hutt zolidd Kenntnisser vun de gängege Computerprogrammer a sidd à l’aise mam PC (Excel, Word, Outlook)
• Dir schafft selbstänneg a sidd verantwortungsbewosst, gläichzäiteg sidd Dir en Teamplayer
• Dir sidd kierperlech belaaschtbar a gär kierperlech täteg, Dir schafft gär dobaussen
• Dir hutt de Permis B
• Dir sidd motivéiert fir an engem nohaltege Gaart ze schaffen
• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
• Dir hutt en éierlechen Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
• Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
• Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weeër
• Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib zesumme mat de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
• Bezuelung nom CCT-SAS
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Contact
Yolande coop SISDirectrice Atelier d'inclusion professionnelle
Maud HANSEN
2, rue de Wecker
L-6832 Betzdorf
coop@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu
www.yolandecoop.lu