Ee Concepteur pédagogique (m/w/d)

ANSI-2501-CON-PED-H5

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

  • Formatioune konzipéieren, auschaffen an haalen
  • Formatiounen a pädagogesch Prozessbegleedungen ubidden a moderéieren
  • Mataarbecht bei der Opstellung vum Formatiounskatalog
  • Weiderbildungen auswielen an évaluéieren
  • Ënnerstëtzung bei administrativen Aarbechten innerhalb vun eisem Formatiounsservice

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Bachelor en sciences sociales et éducatives, Sozialpädagog oder diploméierten Erzéier
  • Beruffserfahrung a Kenntnisser vum edukativen a sozialen System zu Lëtzebuerg sou wei dem « Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter » si vu Virdeel
  • Déi 3 Landessprochen beherrschen (L/D/F)
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office), souwéi Erfahrunge mat E-Learning Plattforme
  • Dynameschen Teamplayer mat excellente Kommunikatiouns- a Moderatiounsfäegkeeten
  • No flexibelen Auerzäite schaffen kënnen a mobil sinn fir sech an eis Institutiounen ze deplacéieren

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kolletivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C6 bezuelt

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4 a 5

Wann Weiderbildungen a fachlech Expertise am pädagogesche Beräich Iech wichteg si an Dir gären Formatioune konzipéiert an haalt, da schéckt ons Är Kandidatur online iwert eise Site eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Contact

Apollonia SA S.I.S
Sandra Tutin
12 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg

Tel: +352 45 07 74 1841
sandra.tutin@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu