Personnel administratif40 St/WCDI
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Rattachéiert un Generaldirectioun, an zoustänneg fir Elisabeth Enfance a Jeunesse, siche mir fir eist Departement Qualitéit a Sécherheet ee Coordinateur Sécurité Infrastructure – Travailleur Désigné (M/W/D)
- Dir participéiert un der Entwécklung vun der Sécherheet an der Gestioun vun de Risiken an de verschiddenen Haiser
- Dir këmmert iech em de Suivi vun den Immobilien an em de Suivi vu Bauchantieren
- Dir setzt Prozeduren ënnert Berücksichtegung vun de lëtzebuerger Gesetzgebungen ëm
- Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Sécherheets/Immobilien-Comité an den Direktiounen a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en, an hir Berodung
- Entwéckelen, Duerchfeieren an Ofschléisse vu Preventiounsmesuren a spezifesche Projeten
- Koordinatioun an Organisatioun vu Formatiounen iwwert Sécherheet vun de Mataarbechter
- Moderatioun vu Reuniounen zum Thema Sécherheet
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Ingenieur civil oder industriel (am Beräich Genie civil/Constructioun)
- 5 Joer Erfarung am Bausektor zu Lëtzebuerg
- Zertifizeierten « Travailleur désigné – Groupe C4 »
- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch fléissend a Wuert a Schrëft
- Sécher am Emgang mat MS-Office
- Eng pädagogesch Approche mat Erfarung a Gruppenanimatiounen souwei gudde Verhandlungsfäegkeeten
- Staark kommunikativ an analytesch Kompetenzen
- Strukturéiert, organiséiert a fäeg Prioritéiten ze setzen
- Autosführerschäin ass obligatoresch
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Schaffen an engem dynameschen Ëmfeld
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kolletivvertrag
- Méiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Contact
Directeur Général adjoint
Laurent MERSCH
22 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 - 1104
dige@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu