Ee Chef de Groupe (m/w/d)

IPSE-2502-CDG-H4

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

  • Organisatioun a Koordinatioun vun engem Internatsgrupp mat 20 Kanner
  • Pädagogesch Aarbecht mat Kanner tëschent 6 an 12 Joër
  • Leedung vum Team vum Internatsgrupp an enker Zesummenaarbecht mat der Chargée de Direction an deenen aanere Responsable vum Internat
  • Zesummenaarbecht mat der Equipe psycho-pédagogique
  • Koordinatioun vun der Elterenaarbecht
  • Zesummenaarbecht mat externe Professionellen

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

  • Eng Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+1 am sozio-edukative Beräich (Educateur diplômé, Educateur gradué, Educateur spécialisé, Sozialpädagog, etc.)
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Gutt pädagogesch Kenntnisser am Beräich vu Kanner mat sozio-emotionalem Förderbedarf a vu Kanner mat Léierschwieregkeeten
  • Kontakter mat Eltere kënne géréieren
  • Eng Beruffserfahrung vun 3 Joer ass vu Virdeel
  • Gutt Kenntnësser an der Leedung vun engem Grupp (Personalféierung, Ëmsetze vum pädagogesche Konzept)
  • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F)
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)

Motivation:

  • Den Éiergäiz hu sech wëlle weider z’entwéckelen
  • Freed drun hunn an engem Beräich deen sech stänneg weiderentwéckelt, z’engagéieren an hëllefen dësen Challenge mat unzegoen
  • Oppe si fir an enger multidisziplinärer Équipe ze schaffen
  • Responsabilitéit an der Leedung z’iwwerhuelen
  • Innovativ a kreativ sinn

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d’exercer
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Imprimer Partager sur Facebook Partager sur LinkedIn

Contact

Internat Privé Ste Elisabeth

Chargée de direction:
Deborah DAMBACHER

1A rue du Cimetière
L-9912 Troisvierges

Tel: +352 99 74 07 - 6401
www.elisabeth.lu