Formatiounen a pädagogesch Prozessbegleedungen ubidden a moderéieren
Mataarbecht bei der Opstellung vum Formatiounskatalog
Weiderbildungen auswielen an évaluéieren
Ënnerstëtzung bei administrativen Aarbechten innerhalb vun eisem Formatiounsservice
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Bachelor en sciences sociales et éducatives, Sozialpädagog oder diploméierten Erzéier
Beruffserfahrung a Kenntnisser vum edukativen a sozialen System zu Lëtzebuerg sou wei dem « Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter » si vu Virdeel
Déi 3 Landessprochen beherrschen (L/D/F)
Gutt Computerkenntnisser (MS-Office), souwéi Erfahrunge mat E-Learning Plattforme
Dynameschen Teamplayer mat excellente Kommunikatiouns- a Moderatiounsfäegkeeten
No flexibelen Auerzäite schaffen kënnen a mobil sinn fir sech an eis Institutiounen ze deplacéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kolletivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C6 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4 a 5
Wann Weiderbildungen a fachlech Expertise am pädagogesche Beräich Iech wichteg si an Dir gären Formatioune konzipéiert an haalt, da schéckt ons Är Kandidatur online iwert eise Site eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)