Een Erzéier fir säi Jugendwunngrupp zu Esch/Uelzecht (m/w/d) 40 St/W CDI
Een Erzéier fir säi Jugendwunngrupp zu Esch/Uelzecht (m/w/d)
17 juillet 2025
Erziehungspersonal40 St/WCDI
EKFH-2518-EDU-H5
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Dag- an Nuechtbetreiung vu Kanner an de Wunngruppen zu Esch/Uelzecht
Individuell Entwécklungsförderung vun de Kanner
Alldagsfleeg vun de Kanner a Fleeg am Krankheetsfall
Altersspezifesch Eenzel- oder Gruppenaktivitéiten
Gestaltung an Emsetzung vun engem individuelle pädagogesche Projet
Zesummenaarbecht mat Elteren a Familljen
Zesummenaarbecht mat anere Professionellen
Erstelle vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier an eng “autorisation d’exercer” (m/w/d)
Berufflech Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef ass vu Virdeel
Weiderbildungen am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef si vu Virdeel
Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
Fréih-, Spéit- an Nuetsschichte schaffe kënnen
Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherrschen
Empathie a Versteesdemech fir d’Situatioun vu de Kanner an hiren Familljen
Veräntwertungsbewosstsinn
Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeveräntwertung an Dynamismus
Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet a Flexibilitéit
Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
Dës Plaaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
Regelméisseg Weiderbildungen
Gutt Teamatmosphär
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4 a 5
Droit d’exercer
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscour
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)